Historique

Op enger Réunioun zu Lissabon am Mäerz 2000 huet sech den Europäesch Rot d'Zil gesat fir aus der Europäescher Unioun innerhalb vun zéng Joer de kompetitiivsten an dynameschsten wëssensbaséierte Wirtschaftsraum op der Welt ze maachen.

A sengem Avis zur Roll vum Staat (2001) schreift de lëtzebuerger Wirtschafts- a Sozialrot (CES, Conseil économique et social), déi primär Aufgab vum Staat wier et zum Erreechen an Oprechterhalen vun enger bestänneger an héijer Liewensqualitéit fir d'Mënschen am Land bäizedroen. De CES gesäit d'Kompetitivitéit als Mëttel fir dëst Zil ze erreechen. Laut enger gängeger Definitioun, déi och vun der Europäescher Kommissioun an hiren wiertschaftspoliteschen Iwwerleeungen fir 1998 festgehale gouf, gëllt e Land als international kompetitiv, wann et gläichzäiteg déi folgend dräi Critèren erfëllt:

  • seng Produktivitéit klëmmt ähnlech staark oder méi staark wéi déi vun sengen wichtegsten Handelspartneren mat engem vergläichbaren Entwécklungsstand,
  • et geléngt dem Land en aussewirtschaftlecht Gläichgewiicht ënner de Bedéngungen vun enger oppener Maartwirtschaft mat fräier Konkurrenz ze realiséieren, an
  • et erreecht en héijen Beschäftegungsniveau.

Zu Lëtzebuerg gëtt d'Kompetitivitéit allerdéngs an engem méi breeden Sënn verstan. Esou leet de CES den Akzent op aner Beräicher an definéiert d'Kompetitivitéit allgemeng als d'Fäegkeet vun enger Natioun de Liewensstandard vu sengen Awunner nohalteg ze verbesseren, fir eng héich Beschäftegungsquot an eng staark sozial Kohesioun ze suergen an dobäi gläichzäiteg d'Ëmwelt ze schützen an ze erhalen.

Am Mee 2003 huet de Koordinatiounscomité vun der Tripartite (Comité de coordination tripartite) d'Noutwennegkeet unerkannt fir eng permanent Ariichtung ze schafen déi d'Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg an déi entspriechend Indicateuren am Bléck hält. Doropshin gouf den Observatoire fir Kompetitivitéit (ODC, Observatoire de la compétitivité) am Juli 2003 am Wirtschaftsministère ageriicht. Eng éischt Missioun vum ODC war et e Rapport iwwer d'Kompetitivitéit vun der lëtzebuerger Wirtschaft fir den Koordinatiounscomité vun der Tripartite ze preparéieren. Dofir gouf en externen Expert, de Professer Lionel Fontagné, mandatéiert, deen am November 2004 säin Rapport "Compétitivité du Luxembourg: une paille dans l'acier" virgestallt huet. Op Grondlag vun dësem Rapport gouf dunn en nationalen Tableau de bord vun der Kompetitivitéit entwéckelt an agefouert a säitdem all Joer vum ODC aktualiséiert. No enger Revisioun vum Tableau de bord, déi zesummen mam CES an de Sozialpartner gemaach gouf, huet den ODC saïn Tableau de bord iwwerschafft a fir d'Editioun 2017 restrukturéiert a moderniséiert.

Am Kontext vun der wirtschaftspolitescher Gouvernance vun der Europäescher Unioun gouf den ODC am Mee 2005 vum Regierungsrot mandatéiert fir d'Lissabon-Strategie op nationalem Niveau ze koordinéieren. Zanter 2010 gëllt dëst fir déi aktuell Strategie Europa 2020 am Kader vum Europäesche Semester.

Am Dezember 2010 huet de Regierungsrot decidéiert en Observatoire fir Präisbildung (OFP, Observatoire de la formation des prix) ze schafen an deen an den ODC ze integréieren.

Am September 2018 huet de Regierungsrot decidéiert datt den ODC un den Aarbechten vum nationalen Rot fir Produktivitéit (CNP, Conseil national de la productivité) matschaffen soll. D'Kreatioun vum CNP baséiert op enger Recommandatioun vum Rot vun der Europäescher Unioun déi zu Lëtzebuerg duerch en groussherzoglechen Arrêté ëmgesat gouf (Arrêté grand-ducal du 23 septembre 2018 portant création d’un Conseil national de la productivité au Luxembourg).

D'Resultater vun de wichtegsten Aarbechten an Analysen vum ODC ginn zanter 2006 all Joer am “Bilan Compétitivité” zesummegefaasst a publizéiert.

Aktualiséiert