Aktivitéitsberäicher

Déi wichtegst Aktivitéitsberäicher vum Observatoire fir Kompetitivitéit (ODC, Observatoire de la compétitivité) sinn:

  • d'Kompetitivitéit vum Land am A halen, an dat esou wuel mat Hëllef vum nationalen Tableau de bord vun der Kompetitivitéit deem seng Indicateuren d'Spécificitéiten vu Lëtzebuerg berücksichtegen, wéi och duerch d'Analys vun de Performancen vum Grand-Duché an enger Rei vun internationalen Vergläicher (Benchmarks);
  • d'Koordinatioun vun den Aarbechten an d'Redaktioun vum Nationalen Reformprogramm (PNR, Programme national de réforme) am Kader vum Europäesche Semester an der gemeinschaftlecher Strategie Europa 2020;
  • d'Koordinatioun um nationalen Niveau an d'Bedeelegung un den Aarbechten an Analysen vun internationalen Organisatiounen iwwer déi ekonomesch Situatioun vu Lëtzebuerg (Europäesch Kommissioun, OECD, asw.);
  • d'Ausschaffen vun Analysen iwwer d'Kompetitivitéit an hier decisiv Facteuren, entweder intern an/oder an Zesummenaarbecht mat STATEC Research oder duerch national an international extern Experten;
  • d'Ausschaffen vun Analysen iwwer d'Entwéckelung vun de Verbraucherpräisser zu Lëtzebuerg am Kader vun de Missiounen vum Observatoire fir Präisbildung (OFP, Observatoire de la formation des prix);
  • d'Matschaffen un den Aarbechten vum nationalen Rot fir Produktivitéit, deem säin Sekretariat och vun Mataarbechter vum Observatoire fir Kompetitivitéit gefouert gëtt.

D'Resultater vun dësen Aarbechten ginn all Joer am "Bilan Compétitivité", respektiv a méi spezifeschen Publikatiounen wéi "Perspectives de politique économique" vum ODC, "Économie et statistiques" vum STATEC oder de "rapports semestriels" vum OFP verëffentlecht.

Aktualiséiert