Attributiounen

D'Roll vum Observatoire fir Kompetitivitéit (ODC, Observatoire de la compétitivité) ass et der Regierung an de Sozialpartner dobäi ze hëllefen d'Ausriichtung an de Contenu vun enger Politik ze bestëmmen déi eng laangfristeg Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg ënnerstëtzt a stäerkt fir esou Wuesstem, Wuelstand an Wuelbefannen ofzesécheren.

Den ODC dokumentéiert, analyséiert an hält déi allgemeng Entwécklung vun der Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg am Bléck. Den ODC ënnersicht an traitéiert déi relevant Dossieren, reegt eng entspriechend Ëmsetzung duerch déi jeeweileg Acteuren un a begleet dës och.

D'Haaptaufgaben vum ODC sinn:

  • d'Sammelen, d'Analyséieren an d'Vergläichen vun Informatiounen iwwer d'Kompetitivitéit op nationalem an internationalen Niveau;
  • eng cibléiert Diffusioun vun pertinenten Informatiounen als Ënnerstëtzung fir strategesch Entscheedungen kënnen ze treffen;
  • d'Duerchféieren an d'Beoptragen vun Analysen a Fuerschungsaarbechten iwwer d'Kompetitivitéit an hier decisiv Facteuren;
  • d'Bedeelegung un den Aarbechten an Analysen vun internationalen Organisatiounen iwwer d'Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg (Europäesch Kommissioun, OECD, asw.);
  • d'Koordinatioun vun den Aarbechten an d'Redaktioun vum Nationalen Reformprogramm (PNR, Programme national de réforme) am Kader vum Europäesche Semester an der gemeinschaftlecher Strategie Europa 2020;
  • d'Matschaffen un den Aarbechten vum nationalen Rot fir Produktivitéit.

Weider Informatiounen fannt dir an der Rubrik "Aktivitéitsberäicher".

Aktualiséiert