Etienne Schneider, Discours à l'occasion du débat de consultation sur le programme national de réforme (PNR) à soumettre par le Luxembourg dans le cadre du processus communautaire Europe 2020

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,

D'Budgetspolitik brauch Wuesstum an Europa brauch eng Wuesstumsstrategie.

Dofir ass den Nofolger vun der Lissabon Strategie definéiert ginn an deen heescht haut EU2020 an setzt de Kader fir eng gemeinsam Wuesstëmsstrategie fir d'Joren 2010 bis 2020 an Europa.

EU2020 ass a 5 wichteg Beräicher ënnerdeelt ginn, dat ass fir d'éischt Recherche an Innovatioun, dann den Enseignement, dann Ëmwelt a Klima, Beschäftegungstaux an de 5. Punkt ass d'Begrenzung vun der Aarmut. A fir all déi Beräicher do hu mir eis quantitativ Ziler fir déi nächst Jore gesat.

Elo ass et esou, datt all Memberstaat, déi Strategie, déi Objektiver déi am EU2020 definéiert gi sinn op eng national Strategie soll ëmdeiten, respektiv eng national Strategie soll dorausser creeéieren. Déi heescht dann Plan national de reforme a mir hunn deen hei zu Lëtzebuerg logescherweis dann net EU2020, mä LU2020 genannt.

Reforme mussen am Intérêt vu méi Wuesstum geholl ginn an dat souwuel mëttelfristeg wéi laangfristeg an den Niveau vum Wuesstum huet eng direkt Incidenz op d'Staatsschold. De Luc Frieden ass lo just doropper agaang. Duefir gëtt den PNR och an Zukunft vill méi enk verbonne mam PSC, an dat ass net zulescht de Grond firwat, datt mir haut déi zwee Programmer zesumme wëllen diskutéieren.

Wat wäert elo am PNR oder am LU2020 fir dëst Joer stoen?

Dir wësst nom éischten Exercice dee mir 2011 gemaach hunn krute mir vum Conseil véier Recommandatiounen.

Déi éischt Recommandatioun huet déi budgetär Efforten concernéiert déi mir musse maachen. De Luc Frieden ass doropper agaang.

Deen 2. Punkt war eng Pensiounsreform déi gefuerdert ginn ass. Do läit e Projet de loi vir.

Den 3. Punkt war eng Reform vun der Indexatioun vun de Salairen. Ech mengen och do hu mir duerch d'Indexmodulatioun eng wichteg Etapp geholl, déi eis zumindest elo mol bis 2014/2015 ofséchert.

An dann e 4. Punkt war de Chômage vun deene jonke Leit erof ze setzen fir d'Qualifikatioune vun deene Jonken och besser mat der Demande vum Aarbechtsmaart ofzestëmmen. Hei sinn eng ganz Rei Mesuren och vum Aarbechtsminister geholl ginn, ënnert anerem nach rezent de Plan d'Action Jeunes.

Wann ech elo op déi 5 Beräicher kommen déi mir haut sollen diskutéiren, da fänken ech un mat dem 1. Beräich, dat ass dee vu Fuerschung an Entwécklung. Do läit eisen Objektiv bei 2,3 bis 2,6% Investitiounen, par rapport zum PIB fir 2020 an de Beräicher Recherche an Developpement. Mir stellen awer fest, datt mir de Moment eréischt bei 1,63% sinn, obschonns mir eis Efforten erhéicht hunn, mä de PIB ass méi staark geklommen wéi déi Efforten déi mir do gemaach hunn, also hu mir do nach eng ganz Rei Saache fir d'Zukunft ze maachen. Mä den zoustännege Minister huet och eng Lëscht definéiert mat Projeten déi amgaang sinn, déi ënnerwee sinn.

Dat ass zum éischten am ëffentleche Beräich, an der ëffentlecher Recherche, den 2. Contrat d'établissement mat der Uni. D'Contrats de performances mat den CAPen, CPSen, mam FNR a mat LuxInnovation. Da wollt ech nach nennen d'Kooperatioun mat 3 amerikaneschen Recherche-Instituter am Diagnostique moléculaire, an d'Ëmsetze vum Triangle de la connaissance zu Esch/Belval.

Wat elo déi privat Recherche ugeet, do sinn d'Efforten fir déi agereechten Dossieren am Kader vum RDI Gesetz an dem Gesetz iwwert d'Protection de l'environnement an der Utilisation rationelle des ressources ze erhéigen. D'Participatioun vun den Entreprisen un internationale Programmer wëlle mir och do verbesseren. Dat sinn op alle Fall ënnert anerem eng Rei vun de Projeten déi den zoustännege Minister agereecht huet.

Dir wësst vläicht just, datt de Wirtschaftsminister soll alleguerten déi Reformvirschléi sammelen déi vun deene verschidden Ressorten kommen an se dann an dee Plan national de reforme oder LU2020 zesumme féieren.

Deen 2. Beräich op dee mir wäerten nach méi aktiv ginn an nächster Zäit, dat ass dee vum Enseignement. Do hu mir 2 Ënnerobjektiver. Deen éischten ass dee vun de Schoulofbriecher. Do ass d'Objectiv 2020 dat, datt net méi wéi 10% vu Jonken d'Schoul fréizäiteg ofbriechen sollen. An deen Taux deen hu mir elo schonn erreecht, well mir leien do bei 9%, dat ass also e positive Punkt. An och den Taux wat d'Bierger tëschent 30 a 40 Joer ugeet, déi en Diplom am Enseignement supérieur hunn, do ass et esou, datt den Taux op 40% festgeluecht ass an laut dem Statec sengen Zuele leie mir do iwwer 40%. Et muss ee just vläicht awer als interessanten Detail soen, datt den Taux bei de Lëtzebuerger bei 40% läit a bei den Net-Lëtzebuerger, déi zu Lëtzebuerg wunnen, läit e méi héich wéi 40%.

Wat sinn nach Objektiver déi d'Ministesch mir era gereecht huet, dat ass d'Promotioun vun der Réussite an der Schoul. Dat ass iwwert d'Reform vum Enseignement fondamental, d'Créatioun vun der Maison de l'orientation a vun der Ecole de la Deuxième chance, d'Reform vun der Formation professionnelle vun 2008 mat der Introduktioun vun der Formation professionnelle de base. Dat si wéi gesot e puer vun deene Sujeten déi am Beräich Educatioun wäerte realiséiert ginn.

3. Beräich ass de Beräich Energie a Klima. Dir wësst, datt mir e Klima-Objektiv hunn wat d'Emissioun vun Zäregasen ugeet, do solle mir e Minus vun 20% hunn bis d’Joer 2020. Do leie mir laut de leschte Statistike vun 2009 bei nëmmen engem Minus vun 9%. Firwat d'Statistiken vun 2009, well mir eis de Moment nach net op déi vun 2010 kënne baséieren well déi nach net offiziell ugeholl sinn, duefir baséiere mir eis de Moment op Zuelen vun Eurostat vun 2009. Ech ginn awer dovun aus, datt déi Zuelen vun 2010 eigentlech méi schlecht sinn, well 2009 eigentlech dat gréisste Krisejoer war, wou och an der Stolindustrie vill manner Produktioun war an doduerch wahrscheinlech dat Zil do besser war wéi dat Joer duerno. Am Beräich vun den erneierbaren Energien hu mir en Zil vun 11% bis d'Joer 2020, an do lung 2009 eisen Taux bei 2,7%. Dir gesidd, datt hei nach ganz vill Efforten néideg sinn. An ech hunn och annoncéiert, datt ech deen Taux wëll bis un d'Enn vun dëser Legislaturperiod verduebelen. Dat duerch eng besser a virun allem méi eng intelligent Förderung vun den Investitiounen an deem dote Beräich.

En 3. Punkt am Beräich Energie a Klima ass d'energetesch Effizienz. Do ass d'Zil gesat ginn am PNR 2011, vun 10,38%, dat fir 2016 ze erreeche wir. Mir hunn awer elo geduecht, mir géingen deen doten Taux an d'Luucht hiewen, dat heescht mir hu fräiwëlleg eist Zil do erhéicht op 14,06% wou mir mengen, datt mir et misste kënnen erreechen bis 2016.

Ech wëll och do un déi Energieeffizienzdirective erënneren déi de Moment op europäeschem Niveau diskutéiert gëtt. Déi soll ënnert dänescher Présidence am Juni gestëmmt ginn, mä do gesäit et ganz dono aus, datt eng ganz Rei Länner dat do wëlle bloquéieren mat alle méiglechen Argumenter an dohir och de lëtzebuerger Virstouss fir ze soen, mä da komm mir mussen eng Rei méi flexibel Mechanismen do aféieren wa mir iwwerhaapt wëllen, datt et zu där Directive kënnt. D'dänesch Présidence huet mir och dowéinst e Bréif geschriwwe fir merci ze soen, datt Lëtzebuerg se sou staark doranner ënnerstëtzt. An et ass also net esou wéi e gewëssenen Europadeputéierten sech indignéiert huet mir géingen déi Directive futti maachen. Mir maache just de Contraire. Mir wëllen nämlech duefir suergen, datt iwwert esou ee Kompromiss et iwwerhaapt zu där doten Directive kënnt. (…) Et ass op alle Fall esou, datt déi dänesch Présidence bis elo een eenzegen Alliéierten an hirem Projet huet an dat ass Lëtzebuerg an dofir ass déi Kritik déi rezent koum net richteg. Dovun ofgesinn hunn ech och annoncéiert am Conseil vun den Energieministeren, datt och wann et net zu där Directive kënnt, Lëtzebuerg wäert en Engagement huele fir an d'lëtzebuerger Gesetzgebung esou eng Energieeffizienzklausel dran ze schreiwen.

Dovun ofgesinn wärte mir och am Beräich vun der Energieeffizienz deemnächst e Projet lancéieren zesumme mat der FEDIL, fir eng Léierfabrik fir Energieeffizienz a Produktiounsprozess op Lëtzebuerg ze kréien. Mir waren eis do e Modell ukucken op d‘Héichschoul zu München a mir wëllen sou e Projet hei zu Lëtzebuerg maachen deen dann alle Betriber hei zur Verfügung steet fir ebe just hir Energieeffizienz ze verbesseren.

Da kommen ech zum 4. Punkt, dat ass dee vum Beschäftegungstaux, do ass den Objectiv bei 73% fir d'Joer 2020. Mir haten 2000 en Taux vu 67,4%. 2010 ware mir rop komm op 70,7% an 2011 si mir rëm liicht rofgefall op 69,8% wat domatter ze din huet, datt do d'Auswirkungen awer ware vun enger ganzer Rei Failliten, speziell och an der Baubranche déi do natierlech eisen Taux verschlechtert hunn.

Mir sinn also op der richteger Schinn, mir ginn no uewen, mä och hei hu mir nach e bëssen ze schaffe fir déi 73% ze erreechen. Den Aarbechtsminister huet jo och do eng ganz Rei Initiative lancéiert, fir d'éischt emol eng organesch Mesure, d'Créatioun vum Observatoire du Marché de l'emploi, dat rezent Gesetz iwwert d'Weiderbildung, déi Initiative Fit for Job, an doriwwer eraus nach eng Rei Mesuren annoncéiert an och scho geholl fir déi Jonk, Mesure geholl fir méi Fraen op den Aarbechtsmaart ze kréien an och Mesurë lancéiert fir méi Senioren am Aarbechtsmaart ze halen.

Dann hu mir de 5. a leschte Beräich, dat ass deen Aarmuts- an Exklusiounsrisiko. Do hate mir eis 2011 kee quantitativt Zil ginn. Mir hunn eis awer fest virgeholl dat dës Kéier ze maachen. Duefir as d'Familljeministesch amgaang do en Zil auszeschaffen, dat ass awer nach net offiziell, well et nach net duerch de Conseil gaang ass, mä do wäert awer een offiziellt quantitativt Zil kommen zu deem mir eis als Regierung wäerten engagéieren. Eng Rei Initiative gi gestart oder sinn zum Deel scho gestart vun der Familljeministesch. Dat ass ënnert anerem eng besser Offer vu sozio-edukativen Structures d'accueil fir Kanner, eng Sensibilisatioun vun Elteren déi den RMG kréien iwwert Chèques Services d'accueil, eng Augmentatioun vum Taux d'Activation vu Leit déi den RMG kréien an eng Créatioun vun 30 Offices sociaux fir ebe just de Cercle vicieux vun der Exclusion sociale ze briechen.

Dir Dammen an Dir Hären, dës Objektiver sinn enk matenee verbonnen. Besser Resultater an der Schoul verbesseren d'Chancen fir eng Aarbecht ze fannen, wat natierlech eise Beschäftegungstaux verbessert an domat och den Aarmutsrisiko reduzéiert.

Ech mengen elo wat de Kalenner ugeet Iech kënnen ze soen, datt mir musse bis Mëtt, Enn Abrëll spéidstens dee Plan national de reforme an der Kommissioun zu Bréissel ofginn. D'Kommissioun déi kuckt sech deen dann un a schafft eng Rei Recommandatiounen aus. Déi ginn dann am Conseil eurpoéen diskutéiert, déi ginn dann erëm validéiert vum Conseil an dann Enn Juni, Ugangs Juli misste mir déi Recommandatiounen dann zougestallt kréien op déi mir dann alt rëm musse reagéieren, mä domat wär dann dat europäescht Semester fir 2012 ofgeschloss.

Zil vum PNR ass eist Land gestäerkt aus dëser Kris ze féieren an eise Wirtschaftswuesstum méi intelligent, méi nohalteg an och méi inklusiv ze gestalten. Allerdéngs wëll ech hei soen, datt wa mir schwätzen vun engem Wuesstum dee méi intelligent, méi nohalteg a méi inklusiv soll sinn, datt mir net op déi Schinn wäerte goen fir Null Wuesstum ze pronéieren. Ech menge mir hunn alleguerte gesinn déi lescht Jore wat et bedeit wa mir net méi genuch Wuesstum hunn. Mir hunn e méi héige Chômage, mir hunn exzessiv Defiziter an och eis Staatsschold klëmmt. Duefir mengen ech fir all déi, déi ëmmer plaidéiert hunn a Richtung Null Wuesstum, datt am Fong déi Kris déi 2008 lass gaang ass, datt déi eis gewisen huet, datt dat kee Modell fir Lëtzebuerg ka sinn.

De PNR ass u sech kee Selbstzweck, et ass keng Fin en soi, mä d'Zil ass wéi gesot méi Wuesstum a méi Beschäftegung ze creeéieren.

[gëtt ënnerbrach]

Ech hunn elo keen heibanne gemengt, mä ganz generell gëtt déi Diskussioun jo awer gefouert vun enger ganzer Rei Leit déi mengen, datt de Wuesstum eis néierens méi hiféiert an, datt ee soll an eng Richtung vun Null Wuesstum goen. Ech wollt domatter net e Member aus dësem héigen Haus viséieren, mä et ass awer eng Diskussioun an ech mengen einfach, datt déi lescht Jore gewisen hunn, datt dat kee Modell ka sinn fir Lëtzebuerg.

Zil vun deem ganzen PNR oder LU2020 as wéi gesot méi Wuesstum a Beschäftegung am Intérêt vum Wuelstand vun eise Bierger ze schafen an och vun den zukünftege Generatiounen.

Dofir soen ech Iech elo scho merci fir Är Interventiounen an och eventuell nach fir Är gutt Iddien déi mir am Laf vun deem Debat hei wäerten héieren, déi mir dann och nach ganz gären an dee Plang wëlle mat afléisse loossen éier mir deen dann Mëtt vum nächste Mount wäerten aschécken op Bréissel.

Ech soen Iech villmools Merci.

Dernière mise à jour